Simone Clesse
Stenges Anna
Bäi Lëscher
Véier Legenden "Bäi Lëscher" aus dem Wintergrün vum Nicolas Warker 1890
Weiss : Mère Michel
Wiirder : Simone Clesse - 1998
1. Et war emol, ganz spéit, no engem Summerdag,
E Bauer vu Lëscher, dien huet sech heem gemaach.
Zu Päerd as hie gelaf, den Angelsbierg eraf,
Bis zum Wäschbësch a gong an enger Supp bal af!
Refrain
Bäi Lëscher Tradirallala,
Bäi Diddenuurg Tradirallala,
Bäi Elchert Tradiridirallala!
2. Hie soutz erstaunt am Pech, huet rondërem gekuckt,
An duecht : - Wien huet da méch 'lo hei esou gespuckt ?
Du war jo hannendrun, op sengem Päerd, e Geescht!
De Schëmmel huet gezun, a voller Angscht gefrëëscht.
3. Mat verdross huet de Mann an aller Kraaft geschloun,
Bis dass de Biddi dann eraus dem Moras koum,
An as dervu geflunn, sou séier dass hie konn...
D'Gespenst dat war dervun an och soubal verschwonn!
4. Och all Nuecht koum eng Fleck, vum Wäisse Bierg erof,
Als Fragestallt laanscht d'Heckt, no Elchert hi geschloff.
Ganz wäiss gekleed konnt d'Damm, rouég dohinne goun,
An huet och kengem Mann eppes zu Leed gedoun!
5. Vum Schlass, bäi der Millen, nit wäit vum Bierebësch,
Huet nuets ent wäisst Fillen mat aner sech gemësch.
Hussah - hallo geschräi koume vum Wald erbäi,
Vum Bénert, guer keng Jeër a keen Hond waren derbäi!
6. An dëse Geschichten hu mir eppes geléiert :
't soll ee jo nit fäerten, wann ee Gedibbers héiert!
A wann een an de Beem en drol'ger Schied gesäit,
Dat besch as't geet een heem bäi seng léif Hamm zur Zäit!