top of page

De Setzbaacher Kropemann

Fir déi Suesser, vum S. Clesse - 1993

Papp a Mamm hu mir, als Kand, gesot :

-Gëff gutt uecht a folleg eisem Rot!

Géi nit bäi d'Baach,

Do schléift een Draach!

Hallef Mënsch, mat enger decker Panz,

Hallef Fësch a mat sëlwerem Schwant,

Um Kapp, eng Kroun

Vun der Millioun!

Nuecht an Dag kniet hie säi laange Baart

A päschpert, méi séiss wéi de Mozaart,

E léift Liddchen,

Fir seng Diddchen...

Dann eraus, wéi d'Kaz op d'Maus,

De Mond op esou grouss wéi en Haus,

Hie sprengt eran,

De Kropemann.

An d'Luucht flitt säi rise gëlle Krop

An erwëscht de Virwëtz, 'n ale Bop,

Deen iwert d'Bréck

Huet sech gebéckt!

Der Wäschfra, um Flass, stielt hien d'Gezei

Am Bauer, vill Heekéip, an der Rei.

Esouguer säi Päerd

Huet fir hie Wäerd!

Hie lauert, bäi den Truffekaulen,

Op d'Stécher déi matenee maulen : 

Déi Suesser Leit

Wësse bescheit!

Hie lackelt d'Meedche bäi den Ufer

An, hopp, pléckt d'schéi Kett vun der Jungfer,

Wéi d'Frell d'Méck

Ënnert der Bréck!

Am Déimpel dréint hie vu Roserei

An erdréinkt d'Jongen.  Dat as keng nei!

Wat eent wëllt Déi'r,

Dat Ongehéi'r!

Passt gutt op, al a jonk, kleng a grouss,

Soss faalt dir am Kropemann säi Schouss

A sid verschwonn

An d'éiweg Sonn.

Stenges Anna

bottom of page