Simone Clesse
Stenges Anna
Faaschtebounen
Vollékslidd
No Fuessonndeg d'Kanner rennen
Wou mer sech verknespelt hun
Op d'Fangeren si all kennen
Déi sech dat Jor hu bestued.
Kuckt se : Mont a Pratzen op,
Wéi ze jäitzen drop an drop :
't as vill Gléck, 't as vill Gléck, 't as vill Gléck an Iérem Haus
Werft ons d'Faaschtebounen raus!
Kuckt wéi se mat Bante falen
Op Gebäcks, Zocker a Nëss.
Ma wuerop s'am meeschten halen
't as op Zensen, 't as gewësst.
't kann da fale wat et wëllt,
't gët allzäit d'nemmlecht gebrëllt:
't as vill Gléck, 't as vill Gléck, 't as vill Gléck an Iérem Haus
Werft ons d'Faaschtebounen raus!
D'Bestueden as ganz verschidden,
Guer vill an den éischte Méint
Hu schon Häerzschmierz gelidden!
De Fridd as de wéi geléint.
Onglécklech ! 't as nach ze fréi!
An der Gaass jäitzen d'kleng Géi:
't as vill Gléck, 't as vill Gléck, 't as vill Gléck an Iérem Haus
Werft ons d'Faaschtebounen raus!
't gët vill Männer déi duurch d'Léien
Spillen e schmotzreche Roll :
Fir eng Hellechsgof ze kréien
Hu si sech eng Fra geholl,
A si hu se guer nit gär!
Dach jäitzt dat rotzecht Gefier :
't as vill Gléck, 't as vill Gléck, 't as vill Gléck an Iérem Haus
Werft ons d'Faaschtebounen raus!
Déi Fra déi sech gär wëllt streichen
Huet d'Uursachen an der Wiel :
Si kann hire Mann nit leiden,
En as al... roud... oder giel.
D'Fra hat méi Verstand als Braut.
An op der Gaass gët gejaut .
't as vill Gléck, 't as vill Gléck, 't as vill Gléck an Iérem Haus
Werft ons d'Faaschtebounen raus!
Ech weess der vun alle Klassen,
't as vläicht hir eege Schold,
Déi sech nit zesumme passen.
Allebéiden hu sech wollt.
A wire s'elo rëm lass!
Dach jäitzt de krappege Rass :
't as vill Gléck, 't as vill Gléck, 't as vill Gléck an Iérem Haus
Werft ons d'Faaschtebounen raus!
E geféierleche Geeschtekranken
Bréngt eleng sou flausen duer,
Fort mat déen schwaarze Gedanken,
't gët vill jonk a glécklech Puer.
maacht d'Rond, Kanner wéi all Jor.
Jäitzt dass riicht iech stin ier Hor:
't as vill Gléck, 't as vill Gléck, 't as vill Gléck an Iérem Haus
Werft ons d'Faaschtebounen raus!