top of page

Summ

Weiss: Volléksweiss, chant folklorique Allemand
Iwersat an arrangéiert vum Simone Clesse

Erausgi vun Arelerland a Sprooch 1991

Summ, summ, summ !

Kleng Bei summ och hei !

Ei, mir din dir jo guer nit wéi,

Fléi eraus an de Wald an Héi.

Summ, summ, summ !

Kleng Bei summ och hei !

Summ, summ, summ !

Kleng Bei summ och hei !

Sich a Blummen, sich a Blimmchen

Dir en Drëppchen, dir eng Grimmelchen!

Summ, summ, summ !

Kleng Bei summ och hei !

Summ, summ, summ !

Kleng Bei summ och hei !

Géi heem met gelued'nem Laifchen

A bau äis ganz voll deng Haipchen!

Summ, summ, summ !

Kleng Bei summ och hei !

Guckuck

Weiss : aus Eisträich (traditionnel autrichien)

Iwersat an arrangéiert vum Simone Clesse

Erausgi vun Arelerland a Sprooch 1991

Guckuck, Guckuck,

Réift aus de Bësch !

Loost eis dach sangen, danzen a sprangen;

Fréijor, Fréijor, gläich méil a frësch.

Guckuck, Guckuck,

Léisst nit säi Schräi !

kommt, laaft an d'Stécker, Wisen a Bëscher;

Fréijor, Fréijor, komm dach erbäi.

Guckuck, Guckuck,

Gléckléchen Held !

Wa's du gesong hues, as dir geroden;

Wanter, Wanter, plënnert vum Feld.

Schéimännchen

Wiirder : Simone Clesse - 1998 

Weiss : "hopp, hopp, hopp, Pferdchen lauf Galop"

Schnéi, Schnéi, Schnéi ! Schnéimännchen du bas schéin !

Du hes An wéi Diamanten,

Awer Féiss wéi Elefanten.

Schnéi, Schnéi, Schnéi ! Schnéimännchen du bas schéin ! 

Ronn, ronn, ronn ! Schnéimännchen du bas domm !

Du hues keng Been, kënns nët lafen,

An ee Mond der maacht nët laachen.

Ronn, ronn, ronn ! Schnéimännchen du bas domm !

Wäiss, wäiss, wäiss ! Schnéimännchen ganz aus Äis !

Déi Bauch as jo kal gefrueren,

An deng Ou're kann ee bueren.

Wäiss, wäiss, wäiss ! Schnéimännchen ganz aus Äis !

Sonn, Sonn, Sonn ! Schéimännchen du gëss kromm !

Du hues den Hutt scho verlueren,

Deng Nues as ewech gefrueren.

Sonn, Sonn, Sonn ! Schéimännchen du gëss kromm !

Nuecht, Nuecht, Nuecht ! Schnéimännchen du hälls Wuecht !

Stees vrun der Dir wann ech schlofen.

Mar brengen ech dir vill Gowen !

Nuecht, Nuecht, Nuecht ! Schnéimännchen du hälls Wuecht !

Créé par sa fille, Yolande Mathey et son petit-fils Rudy Mathey, 2018

Ce site utilise des cookies.  Vous pouvez les supprimer via votre navigateur.

Vos données, lorsque vous remplissez le formulaire de contact ou nous contactez par mail ne servent qu'à vous informer de nos activités.  Vos données ne seront jamais communiquées à des tiers.  Vous avez le droit de vous désabonner, de demander que l'on ne vous envoie plus de mail et de demander à voir les données qui vous concernent.  Vous avez le droit de demander le retrait d'une photo si vous y figurez, ou de demander à ce que votre visage soit flouté.  Utilisez le formulaire de contact à cet effet.

bottom of page