top of page

Hopp La - Hopp La

Weiss: traditionnel "wéi di Hulala"
Lëtzebuergesch Wiirder : Simone Clesse

Erausgi vun Arelerland a Sprooch
fir d'Kanner vun der Spillschoul, 1991

​

refrain 1

Vu fir bis no hanne

vu lénks no rechts

a vun uewen no ënnen

vu lénks no rechs,

(bis)

 

Den Ouschterhiessi mat laangen Oueren,

Mat laangen Oueren (bis)

Den Ouschterhiessi mat laangen Oueren,

Läit  am Graass a fierft séng Äer.

​

refrain 2

Wéi di Hu - Wéi du Hu

Wéi du Hulala (3x)

Wéi di Hu - Wéi du Hu -Wéi di Hulala (2x)

​

-2-

refrain 1

​

Den Ouschterhiessi mam schwaarze Schmutzi

Mam schwaarze Schmutzi (bis)

Den Ouschterhiessi mam schwaarze Schmutzi

Sëtzt bäim Bësch an zielt séng Äer.

​

 refrain 2

 

-3-

Den Ouschterhiessi mat wäisse Patten

Mat wäisse Patten (bis)

Den Ouschterhiessi mat wäisse Patten

Lääft am Duerf a bréngt Ouschteräer.

​

-4-

Den Ouschterhiessi mam giele Bäichi

Mam giele Bäichi (bis)

Den Ouschterhiessi mam giele Bäichi

Spréngt am Gaart a verstoppt séng Äer.

​

-5-

Den Ouschterhiessi mam klenge Schwänzi

Mam klenge Schwänzi (bis)

Den Ouschterhiessi mam klenge Schwänzi

Steet bäim Nascht an tässelt séng Äer.

​

-6-

Den Ouschterhiessi mat den Ouschteräer

Mat den Ouschteräer (bis)

Den Ouschterhiessi mat den Ouschteräer

Gesich ech awer mol gär !

​

De Refrain (1) gët gesprong oder gewéitscht am sëtzen, vun enger Säit zur aner.  De refrain (2) gët am stoen oder am sëtze mat Béiongen vum Kierper vun enger Säit zur aner a mat opstoen a sëtzen gespillt.  Fir (1) a fir (2) kënnen d'Kanner eleng séch bewegen oder mat Gruppen déi séch den Arem gin. Fir d'Coupletën gët d'Lidd miméiert.

​

Den Ale Nick huet een Haff

Weiss: Old Mac Donald (Scottland)
Lëtzebuergesch Wiirder arrangéiert vum Simone Clesse

Erausgi vun Arelerland a Sprooch
fir d'Kanner vun der Spillschoul, 1991

​

Den ale Nick huet een Haff. Hia hia ho !

An op deem Haff si vill Hénger Hia hia ho !

Si man dick dick hei, si man dick dick all,
dick hei, dick do, dick iwerall!

Den ale Nick huet een Haff. Hia hia ho !

​

Den ale Nick huet een Haff. Hia hia ho !

An op deem Haff si vill Innen, hia hia ho !

Si man ouack ouack hei, si man ouack ouack all

ouack hei, ouack do, ouack iwerall.

Si man dick dick hei, si man dick dick all,
dick hei, dick do, dick iwerall!

Den ale Nick huet een Haff. Hia hia ho!

​

Den ale Nick huet een Haff.  Hia hia ho !

An op deem Haff si fënnef Schwäin, hia hia ho !

Si man groack groack hei, si man groack groack all

groack hei, groack, do, groack iwerall.

​

Den ale Nick huet een Haff.  Hia hia ho !

An op deem Haff si véier Kéi, hia hia ho !

Si man mu mu hei, si man mu mu do,

mu hei,mu do, mu iwerall.

...

​

Den ale Nick huet een Haff.  Hia hia ho !

An op deem Haff si dräi grouss Päerd, hia hia ho !

Si man hi hi hei, si man hi hi do,

hi hei, hi do, hi iwerall

...

​

Den ale Nick huet een Haff.  Hia hia ho !

An op deem Haff si zwéi déck Hënn, hia hia ho !

Si man wau wau hei, si man wau wau do,

wau hei, wau do, wau iwwerall.

...

​

Den ale Nick huet een Haff.

​

​

​

bottom of page