top of page

De Schmitt, de Schmatt

Vollékslidd an Danz vun der lëtzeburger Géigend

De Schmitt, de Schmatt, deen hëlt säin Huemer mat. (4x)

De Schmatt deen hëlt säin Huemer mat, 

Huet e laien an der Hatt

De Schmatt deen hëlt säin Huemer mat, 

Huet en an der Hatt.

De Schmitt, de Schmatt, deen hëlt seng déck Neel mat. (4x)

De Schmatt deen hëlt seng déck Neel mat, 

Huet se laien an der Hatt

De Schmatt deen hëlt seng déck Neel mat, 

Huet se an der Hatt.

De Schmitt, de Schmatt, deen hëlt seng laang Zaang mat. (4x)

De Schmatt deen hëlt seng laang Zaang mat, 

Huet se laien an der Hatt

De Schmatt deen hëlt seng laang Zaang mat, 

Huet se an der Hatt.

De Schmitt, de Schmatt, deen hëlt d'Houffeise mat. (4x)

De Schmatt deen hëlt d'Houffeise mat, 

Huet se laien an der Hatt

De Schmatt deen hëlt d'Houffeise mat, 

Huet se an der Hatt.

De Schmitt, de Schmatt, deen hëlt säi Meedche mat. (4x)

De Schmatt deen hëlt säi Meedche mat, 

Huet et sëtzen an der Hatt

De Schmatt deen hëlt säi Meedche  mat, 

Huet et an der Hatt.

Idem mat Schiirtech, ...schwaarz Kap,...

 

Danz : All Couplet gët an 2 Deler gedanzt.

1) zwee an zwee séch déi zwou Hänn gin.

An op de Plaz sprangen, de Fouss vijhenzeg setzen.

Dat gi 5 Sprëng, an dat 4 mol erëmhuelen.

2) Séier krämpt d'Joffer dem Här säi lénksen Aarm mat hirem rechten Aarm a kuckt hannerzeg.  Dann dréine se am Sprangen (8 Schrëtt) a kéieren ëm a sprangen och nach 8 mol am dréinen.

Fir all Couplet ka vu Partenaire gewiesselt gin.

Wéi di hulala

Paroles : traditionnel - Siffer
Musique : traditionnel
Arrangement : Geranium

Lëtzebuergesch : Arelerland a Sprooch

refrain 1

Vu fir bis no hanne

vu lénks no rechts

a vun uewen no ënnen

vu lénks no rechs,

(bis)

 

Ee bau're Meedchen hun ech nit gär 

Dat hun ech nit gär

Dat wëll ech nit.

Ee Bau're Meedchen wëll ech nit, 

Se hun ëmmer dreckeg Schung !

refrain 2

Wéi di Hu - Wéi du Hu

Wéi du Hulala (3x)

Wéi di Hu - Wéi du Hu -Wéi di Hulala (2x)

-2-

refrain 1

Et muss eent si wuel schéin a fäin

Jo wuel schéin a fäin (bis)

Et muss eent si wuel schéin a fäin

Dat guer kee Feler huet.

 refrain 2

 

-3-

A sou ee Meedche gët jo nit

Jo dat gët jo nit  (bis)

A sou ee Meedche gët jo nit

Dat guer kee Feler huet.

-4-

Drumm bleiwen ech liédeg bis an den Doud

Jo bis an den Doud (bis)

Drumm bleiwen ech liédeg bis an den Doud

Et geet mer vill besser esou !

Se danse assis à table en se tenant bras dessus bras dessous :

mimer les mouvements du refrain 1 et se balancer de gauche à droite pendant le refrain 2

bottom of page