top of page

De Nuetsdäiwel

Stenges Anna  - 1990

No 't Nuetsklack, méil

Ewéi eng Stréil,

Koum e geschloff

Wéi d'Hand an d'Moff.

Um Owesiessen

Woult e friessen

Awer gesong

Huet hien eng Stonn.

An der Uucht, frech

Gouf en, Ewech !

D'Mutz flitt an d'Heck !

Aus d'Luucht um Eck !

Bis op eens, wëll

Wéi en Däiwel

Huet e gebräält

Uetert d'ganz Welt.

Getéckt, geklappt,

Gedréckt, gerappt,

Gekraazt, gebass,

Gebrach, gerrass !

Bis Hallefnuecht

Stung e nach Wuecht

An engem Kraach

Du flunn den Daach !

O Mamm, O Kand ! 

Dat as de Wand !

Hie sutz drop waach,

De béisen Draach !

bottom of page